Dem Ament leeft hei zu Lëtzebuerg eng Testphas fir Medikamenter, Analysen oder spéider souguer Organer via Dronen ze transportéieren.
Accidenter, Pannen a Géigestänn op der Fuerbunn stéieren den Trafic op der A31 tëscht Metz a Lëtzebuerg. D’Männer a Giel vun der DIR Est këmmere sech drëm.
D'Amerikaner sinn esou polariséiert wéi nach ni. D'Resultat dovu spigelt sech an der Politik an dat ass och dat, wat een an Europa gréisstendeels matkritt.
Sech a kuerzer Zäit op Risikofacteuren ënnersichen ze loossen, fir Häerz-Kreeslaf-Krankheeten z’evitéieren, dat ass iwwer dräi Deeg an der Stad méiglech.
Op der Héicht vun Habay koum et de Mëttwoch de Mëtteg zu engem schwéieren Accident mat zwee Camionen. D'Autobunn war op dëser Héicht gespaart an et huet ferm gestaut.
Den Aarbechtsminister huet e Bekenntnis zum Lëtzebuerger Sozialdialog gemaach an zum Recht vun de Gewerkschaften, fir ...
2015 gouf fir de Site zu Ierpeldeng e Bauprojet presentéiert. Géif et dem Besëtzer vum Terrain nogoen, géifen d'Baggeren nächst Joer lafen.
An Däitschland ass fir d'éischte Kéier eng Infektioun mat der neier Mpox-Variant Klade Ib confirméiert ginn. Dës breet sech zanter Méint an Afrika aus.
Den Devis fir d'Vëlos- a Foussgängerbréck war 2021 am Stater Gemengerot gestëmmt ginn. D'Käschte sinn awer staark an d'Luucht gaangen.
Infosenior.lu ass en Internetsite vum Familljeministère, deen Informatiounen iwwer Hebergementer, Servicer an Aktivitéite fir eeler Leit regroupéiert.
Mantelsonndeg ass en traditionelle Rendez—vous fir all déi, déi op der Sich no enger gudder Affär sinn.
Dës Woch gëtt den 3. Spilldag vun der Futtball-Champions-League gespillt. Op RTL ZWEE op der Tëlee an op RTL.lu gëtt en ...